wahlprogramm_jdl_2017_1

 

JDL – Walprogramm 2017

#MengGemengOpHighSpeed

D’Gemenge solle sech eiser schnelllieweger Zäit vun haut upasse kënnen. Duerch méi flexibel Auerzäite sollen och déi Leit kënnen d’Méiglechkeet hunn an hier Gemengenhaiser ze goen.

Internetsäite vun de Gemenge solle méi eng grouss Offer bidde fir dass d’Leit online kënnen administrativ Ugeleeënheeten duerchféieren.

Gratis WLAN op ëffentleche Plazen – d’JDL fuerdert gratis WLAN op all ëffentlecher Plaz ënnerhalb vun de Gemengen (Gemengeplaz, Gare, …) Domat géif een net nëmmen de Bierger aus der Gemeng entgéint kommen, mee et géif een den Touristen och d’Méiglechkeet ginn op den Internet zréckzegräifen.

D’Jonk Demokraten ënnerstëtzen Initiative wéi den “SMS2Citizen”. Et soll weiderhin op nei an innovativ Kommunikatiounsmëttele gesat ginn. Fir déi Jonk aus der Gemeng nach besser, a méi käschtenneutral, z’erreechen, fuerdere mir méi eng grouss Präsenz vun de Gemengen an de sozialen Netzwierker.

#ÄddiHotelMamma

De Problem am Wunnengsbau soll och op Gemengenniveau geléist ginn. D’Gemenge sollen eidelstoend Gebaier opkafe fir se als soziale Wunnengsbau ze verlounen oder mat engem “bail emphytéotique” ze verkafen.

Eis geet et drëms de Wunnengsmarché z’innovéieren. Hei denke mir un zwou konkret Mesuren:

– Generatiounshaiser sollen de jonke souwéi de manner jonke Matbierger d’Chance ginn, an enger gemeinsamer Residenz ze wunnen. Anstatt dass déi zwou Generatioune laanschtenee liewen, bitt dëst Wunnkonzept Synergie tëschent de verschidden Acteuren. Donieft géif een heimat och en éischte Schrëtt goe fir d’sozial Isolatioun am Alter ze bremsen.

Déi sozial an demographesch Entwécklunge féieren dozou, dass d’Wunngemeinschaften ëmmer méi als passend Wunnalternativen ugesi ginn. All Gemeng misst et Propriétairen erméiglechen, hiert Eegentum als WG ze verlounen. Dëst ass nëmme méiglech, wann all Gemeng ganz kloer Konditioune festleet, wéi sou e Bail soll opgestallt ginn, wéi déi jeeweileg Wunnengen opgebaut sinn a wéi dat Ganzt ka kontrolléiert ginn, fir net an d’Schema vun de “Kaffeeszëmmeren” ze verfalen.

Nieft dësen zwou Mesuren, ass et der JDL wichteg ze bemierken, dass d’Gemenge mussen de Bierger an d’Gestaltung vun der lokaler Wunnlandschaft mat abezéien. En urbanistescht Konzept vun enger Gemeng kann nëmmen ausgeschafft ginn, wann all Bierger gehéiert gëtt a säin Deel dozou bäidroe kann.

#WouAssDeRaoul

Vill Gemenge sinn duerch de Pendlerverkéier geprägt. Fir eis Uertschaften ze entlaaschten, mussen nei Park&Riden geschaf an déi bestoend ausgebaut ginn. Eis Gemenge mussen awer och ënnerenee besser matenee verbonne ginn, dëst souwuel daags wéi nuets.

Jidderee geet gäre mol eraus a kënnt nach léiwer secher Heem. Dofir ass de Nuetstransport fir eis nach ëmmer e wichtege Facteur am Kader vun de Gemengewahlen. Fir all Jonke soll dofir e sécheren Heemwee, mam ëffentlechen Transport, garantéiert sinn.

#StartUpMyHood

Eng Gemeng lieft och vu sengen ekonomeschen Aktivitéiten. Fir weider kompetitiv ze bleiwen, ass et wichteg dass dëse Secteur och op lokalem Niveau diversifizéiert gëtt. Start-Up’en, also jonk Firmen, déi probéieren sech z’etabléieren, sinn ee wichtege Facteur fir dës Diversitéit vun der  Ekonomie ze verstäerken. Nëmmen esou kann een eng interessant Offer an eise Gemengen dem Verbrauchen ubidden.

Aktivitéitszone sinn en elementare Wirtschaftsfacteur vun enger Gemeng. Fir kompetitiv ze bleiwen, ass et wichteg dass dës Zone sënnvoll erweidert a nei belieft gi fir de lokale Leit eng Méiglechkeet ze bidde fir sech hei selbststänneg ze maachen.

D’JDL proposéiert, dass d’Gemengen, ënnert fest ze leeënde Konditiounen,  d’Entreprenariat vu jonken Entreprise mat finanziellen an/oder materielle Stipendie an/oder mat Start-Up-Inkubatore, fërderen.

Esou kënnen d’Gemengen hei d’Angscht virun engem Existenzverloscht huelen.

#PopItUp

Een zäitlech begrenzte Buttek erméiglecht et de Geschäftsleit an/oder Gastronomen eng nei Idee an hir Visibilitéit um Marché ze testen. Weider kann esou ee Quartier vun der Gemeng nei belieft ginn a sozial Kontakter an Dynamik fërderen.

Eng Gemeng sollt jonke Geschäftsleit duerch Pop-up Storen d’Méiglechkeet ginn, sech z’entfalen. Hei soll sie als Katalysator tëschent Propriétaire vun de Lokaler an de Geschäftsleit fungéieren a soumat d’Kommunikatioun vereinfachen.

#MaachMengLuuchtenUn

Och haut hu mir an eise Gemengen nach ëmmer Beliichtungskonzepter déi net allen Besoinen entspriechen. D’Jonk Demokrate setze sech dofir an, dass dës iwwerschafft ginn an esou, zum Beispill, däischter Ecker an Zebrasträife besser beliicht oder Vëlosweeër mei siichtbar ginn. Wichteg ass et, dass dëst Konzept géint all Form vu Liichtpollutioun wierkt.

Zu sou engem Sécherheetskonzept gehéieren, nieft der Beliichtung, awer och déi entspriechend Kompetenze fir direkt um Terrain agräifen ze kënnen. D’JDL wëll, dass dës Kompetenzen op Gemengenniveau iwwerduecht an ausgebaut ginn.

#MengGemengAssKult

Benevolat belieft eist Gemengeliewen. Hei gesi mir vir, dass dëst Engagement valoriséiert an duerch Hëllef vun der Gemeng mei siichtbar gëtt. Fir nei Matbierger ze begréissen, an d’Veräins- an d’Kulturliewen ze promovéieren, schloe mir vir, dëst duerch ee Fest mateneen ze verbannen. Esou kréien d’Bierger d’Méiglechkeet hir Veräiner an d’Kultur an der Gemeng kennen ze léieren a sech méi einfach an der Noperschaft z’integréieren.

Weider setze mir eis dofir an, dass d’Kulturhaiser, Sportshalen, Festsäll an ähnlech Gebaier a Gemengenhand, och zu engem gënschtege Präis fir d’Bierger zu Verfügung gestallt ginn.

Fräistoend Gebailechkeete sollen och kulturschaffende Bierger zur Verfügung kënne gestallt gi fir et hinnen z’erméiglechen hier Ateliere fir aner Leit op ze maachen an hir Aarbecht ze weisen. Dëst kéint a Form vun engem Art-hub oder Creative-hub fonctionnéieren, an deem Kënschtler zu engem gënschtege Präis  hir Kreativitéit kënnen entfalen an un hire Wierker schaffen.

 

#Cradle2Cradle

D’Jonk Demokrate proposéieren, dass néi ëffentlech Gebaier ob eng nohalteg an innovativ Aart a Weis geplangt a gebaut ginn. Dës Bauprojete sollen no der Cradle to Cradle (C2C) Bauweis realiséiert ginn. Bei dëser Methode ginn d’Gebaier net nëmmen energieeffizient, mee komplett aus schuedstoffarmen, natierlechen a recyclabele  Materialien (bspw. Holz) gebaut.

Idealerweis soll bei dëser Bauweis eng total offallfräi a circulaire Ekonomie entstoen an där alles recycléiert gëtt. Duerch d’Virbildfunktioun vun den ëffentleche Bauten, kennen esou och privat Bauhären en Ureiz kréien dës Bauweis unzewenden.

#MengGemeng3Punkt0 als PDF

#MengGemeng3Punkt0