D’Jonk Demokraten (JDL) begréissen den ambitiéisen a progressive Koalitiounsaccord, deen op Kontinuitéit an de gesellschaftspolitesche Reformen, der Diversifikatioun an Digitaliséierung vun eiser Ekonomie an der Nohaltegkeet setzt, déi an der leschter Legislaturperiod ugestouss goufen. Et ass en Accord, deen eng liberal Handschrëft dréit an an deem vill vun eise Fuerderungen zeréckzefanne sinn:

Individual Besteierung – fir dass net ee Familljemodell par Rapport zu anere finanziell bevirdeelegt oder benodeelegt gëtt.

Bluttspenden – eng Santéspolitik, déi op den „individual risk assessment“ setzt an et och homosexuelle Männer erlaabt Blutt ze spenden.

Organspenden – fir dass weider a méi Liewe gerett kënne ginn.

Economie circulaire – e méi responsabelen an nohaltegen Ëmgang mat eise Ressourcen, och an der Ekonomie.

Flexibiliséierung vun den Ëffnungszäiten – fir den Eenzelhandel ze stäerken.

Alternativ Wunnformen – mam Aféiere vun engem legale Kader fir Wunngemeinschafte méi abordabele Wunnraum schafen.

Lëtzebuerger Sprooch – d’Valoriséierung vun der Lëtzebuerger Sprooch virubréngen.

Legaliséierung vum Cannabis – no Kanada, USA an Uruguay soll och zu Lëtzebuerg d’Produktioun, de Verkaf an eng Ausweidung vum medezinesche Cannabis legal ginn an déi aktuell repressiv Drogepolitik zeréck drängen.

Nieft all dëse Positiounen begréisse mir d’Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport. Och si mir frou ze gesinn, dass d’Koalitiounspartner sech Gedanken iwwer d’gestation pour autrui (GPA) gemaach hunn, woubäi mir eis eng méi konsequent Approche gewënscht hätten.  Allerdéngs gouf bei dësem Koalitiounsaccord d’Chance verpasst fir der Prostitutioun endlech e legale Kader ze ginn, deen de Sexaarbechter*inne sécher Aarbechtskonditiounen an eng sozial Ofsécherung garantéiert.

Mir ënnersträichen als Jonk Demokraten déi gutt Zesummenaarbecht mat der Demokratescher Partei, an d’Tatsaach, dass eng grouss Unzuel vun eise Revendicatiounen am Koalitiounsaccord festgehale goufen.

Mir si soumat der Iwwerzeegung, dass, wann dësen Accord am Aklang mat stabille Staatsfinanzen an am Dialog mam Bierger ëmgesat gëtt, och dës Dräierkoalitioun Lëtzebuerg weider moderniséieren an op d’Erausfuerderunge vu muer preparéiere wäert. Dofir stinn d’Jonk Demokraten hannert dësem Accord a wënschen der Regierung eng glécklech Hand bei der Ëmsetzung vun den annoncéierte Mesuren.

E Koalitiounsaccord op deen d’ganz Welt kuckt