Den 03. Februar 2016 huet RTL Télé Lëtzebuerg doriwwer informéiert, dass den ArcelorMittal-Site zu Esch-Schëffleng definitiv zou bleift an, dass d’Frichen engem neie Projet solle Plaz maachen. D’nei Bestëmmung vun dësem 62ha grousse Site soll aus enger Etude ervirgoen, déi genee wie um Site Belval, vun Agora soll duerchgefouert ginn.

Fir d’Awunner wor et an de leschte Joeren trotz de Versprieche vun ArcelorMittal, kloer, dass dee Site deen ëmmer Beneficer gemaach huet, ni méi wäert opgoen. Nodeem schonn den 9. August 2012 den ale Waasserbehälter vun der „Metzerschmelz“ (cadastre de la communde de Schifflange, section A de Schifflange, sous le numéro 4153/11641) urgent an den „inventaire supplémentaire“ classéiert gouf, kennt elo endlech Bewegung an den Dossier vun dem ganze Site.

An genee bei dëser Bewegung felicitéieren d’Jonk Demokraten der Regierung fir den zwou betraffene Gemengen d’Dier zu de Verhandlungen opgemaach ze hunn. Et ass wichteg, dass hei net just eng Entreprise eenzegt Matsproocherecht soll hunn mee béid Gemenge genee wéi hir Awunner sollen aktiv an de Planungsprozess agebonne ginn.

Nëmmen duerch dës aktiv Abannung vun allen Acteure kann ee Projet entstoen deen de PAGen an dem nationale Bebauungsplang ka Rechnung droen.

Weider ass dëse Site eng Occasioun fir béid Gemenge fir laangjäreg Projeten ze iwwerdenken an zesumme mat neien Aarbechtsplazen op dësem Site ze realiséieren. De Süden dee Lëtzebuerg maassgeeblech gehollef huet do ze stoe wou mir Haut sinn, hätt esou d’Chance sech nees aktiv un der Wirtschaft ze bedeelegen.

De Site deen ideal Autobunns-an Zuchubannung huet kinnt mat dem richtege Konzept en interessante Soziale-, Gesondheets-, Economie-an awer Écologiestanduert duerstellen.

Bei der Ëmsetzung vun dem Futur-Projet ass et awer ëmsou méi wichteg, de Prinzip vum „pollueur payeur“ un ze wenden. Genee wéi d’Fraise vun den Etudë mussen dës integral vun ArcelorMittal gedroe ginn. An dem Dossier sollen net déi selwecht Fehler gemaach gi wéi déi Zäit um Plateau du St. Esprit an um Site Belval wou blann vertraut gouf.

D’JDL verlaangt vun der Regierung mat dem néidegen Drock an dem Dossier ze intervenéieren esou dass all d’Preparatiounsaarbechten „selon les règles de l’art“ duerchgefouert ginn.

 

JDL Süden fuerdert fir den Site Esch-Schëffleng:

  • eng modern anugepasste Mixitéit vu Commerce, Wunnengen a Bureauen am Respekt zum historesche Site
  • engausgeglache Kommunikatioun tëschent allen Acteuren (Gemengen Esch a Schëffleng, Agora, ArcelorMittal, Regierung, Bevëlkerung)
  • eng komplett a propper Sanéierung vum kontaminéierte Buedem
  • eng kompetent Iwwerwaachung vun de Sanéierungsaarbechten duerch Regierung an déi kompetent Servicer
  • d’Finanzéierung vun Etude a der Sanéierung vum ganze Site alleng duerch ArcelorMittal („pollueur payeur“)
  • integral Erhale vum historesche Waasserbehälter vun der „Metzerschmelz“

Pressecommuniqué:JDL-Süden: Nei Notzung vun den ArcelorMittal-Frichen zu Esch-Schëffleng

JDL-Süden: Nei Notzung vun den ArcelorMittal-Frichen zu Esch-Schëffleng