An enger Welt, déi sech séier an dacks déifgräifend verännert, gëtt e modernen a kritesche Geschichtsunterrecht ëmmer méi wichteg. Dëse soll de Jugendlechen net nëmme Wëssen iwwer d’Vergaangenheet vermëttelen, mä hinnen och d’Fäegkeet ginn, aktuell gesellschaftlech a politesch Entwécklungen verstoen a se och hannerfroen ze kënnen.
Gläichzäiteg stelle mir fest, datt demokratesch Wäerter, de gesellschaftlechen Zesummenhalt souwéi de Respekt virum Rechtsstaat ëmmer méi ënner Drock geroden. Geschichtlech Fakten ginn an ëffentlechen Debatten dacks verdréint oder politesch instrumentaliséiert, wat de konstruktive gesellschaftlechen Dialog erschwéiert a fir verzerrte Weltbiller bei eiser Jugend suergt. Eng staark geschichtlech Bildung spillt dofir an eisen Aen eng zentral Roll, fir géint d’Desinformatioun an de Populismus ronderëm d’Welt virgoen ze kënnen.
D’Jonk Demokrate sinn iwwerzeegt, datt de lëtzebuerger Geschichtsunterrecht a senger aktueller Form net méi zäitgeméiss ass an en net genuch op déi gesellschaftlech, politesch a kulturell Realitéiten a Kontroverse vun haut virbereet. Eng Upassung vun de Contenuen an den Approchen ass dofir an eisen Aen absolut néideg. Dowéinst fuerdere mir:
- Eng méi aktiv a participativ Gestaltung vum Unterrecht, déi frontal Coursë reduzéiert an op Quellenaarbecht, Diskussiounen a Projete setzt, fir e kritescht Denken an déi analytesch Kompetenze vun eiser Jugend ze fërderen.
- En Iwwerschaffe vum Programm, fir geschichtlech Sujete mat staarkem Bezuch zur haiteger Welt (Demokratie, Mënscherechter, Desinformatioun, gesellschaftlech Konflikter) méi déifgräifend behandelen ze kënnen.
- Eng méi konsequent an ëmfaassend Integratioun vun der Lëtzebuerger Geschicht an den Unterrecht, woubäi hei d’Enseignantë vum Script an aneren Acteuren ënnert Ärem gegraff solle kréien.
- E méi konsequente Fokus op e praxisnoe Geschichtsunterrecht. Aus dësem Grond solle Visitten an Ausflich op historesch Plazen a Muséeë souwéi Participatiounen u Workshops an u Gespréichsronne mat Experten am Schoulprogramm fixéiert a vum Ministère aus konsequent ugebuede ginn.