An enger Zäit, an där de Besoin u Bluttspenden zu Lëtzebuerg héich ass, ass et essenziell, datt all Persounen, déi kënne spenden, och déi Méiglechkeet kréien. Trotzdeem ginn aktuell Männer, déi mat anere Männer Geschlechtsverkéier hunn (MSM), mat Restriktioune konfrontéiert, déi si faktesch vum Bluttspenden ausschléissen.
Am aktuelle Kader fir Bluttspende besteet eng Ongläichbehandlung, déi aus eiser Siicht net méi duerch eng individuell Risikobewäertung gerechtfäerdegt ass.
Auszuch aus dem Questionnaire vum Roude Kräiz, fir kënne Blutt ze spenden:
In den letzten 12 Monaten…
Für Männer: Hatten Sie sexuelle Beziehungen mit einem Mann (selbst nur einmal) ?
● Ja ● Nein
Laut dem Summary report vun der European Blood Alliance (EBA) gehéiert Lëtzebuerg zu deene Länner, déi zum Zäitpunkt vun der Ëmfro nach un enger Spärfrist vun 12 Méint fir MSM festgehalen hunn. Dobäi gëtt all Spender no neien oder multipel Sexualpartner an de leschte véier Méint gefrot. Domat gëtt nieft dem Risikoverhalen och d’Geschlecht vum Sexualpartner
zum Selektiounscritère. Och d’Ausnam fir Plasmaspende ännert näischt un dëser Ongläichbehandlung.
Wéi de Rapport vun der EBA weist, hunn ëmmer méi Länner op en net-geschlechtsspezifeschen Individual Risk Assessment ëmgestallt. D’Zuel u Staaten, déi dëse System uwenden, huet sech tëscht 2021 an 2023 vervéierfacht. Dës Modeller verbannen d’Sécherheet vun der Bluttversuergung mat der Gläichbehandlung vun de Spender.
Aktuell a wëssenschaftlech fundéiert Donnéeën, ënner anerem aus dem Rapport d’activité SIDA 2024, ënnersträichen d’Wichtegkeet vun enger differenzéierter Risikobewäertung. De Risiko vun enger Persoun kann net eleng aus dem Geschlecht oder der sexueller Orientéierung ofgeleet ginn, mee muss op Basis vum individuellen Risikoverhalen a relevante medezineschen an epidemiologesche Facteure bewäert ginn. Domat stellt sech d’Fro, ob eng pauschal Spärfrist fir MSM nach déi richteg Method ass.
D’Jonk Demokraten fuerderen dofir, datt Lëtzebuerg seng Spendekrittären iwwerpréift an op en individuellt, geschlechts- a sexualorientéierungsneutralt Individual Risk Assessment ëmstellt. Entscheedend solle konkret Risikofacteure wéi nei oder multipel Sexualpartner, bestëmmt sexuell Praktiken an aner medezinesch relevant Facteure sinn – an net d’Geschlecht vum Sexualpartner. Dobäi muss den héije Sécherheetsniveau vun der Bluttversuergung garantéiert bleiwen.
Sou eng Reform géif d’Spendekrittären un den aktuelle Stand vun der Wëssenschaft, un europäesch Best Practices an un de Grondprinzip vun der Gläichbehandlung upassen.