Hëtzt ass kee Komfortproblem – si ass eng Gesondheetsfro.

🌡️ D’Summere ginn ëmmer méi waarm. Eis Schoulen, Verwaltungen, Spideeler a Fleegestrukture mussen dofir besser géint Iwwerhëtzung geschützt ginn.

🌿 Passiv Moossname wéi Beschattung, Isolatioun, Begréngung a Nuetsventilatioun sollen ëmmer Prioritéit hunn. Mee wa se net duerginn, däerf eng effizient Ofkillung kee Tabu méi sinn.

Besonnesch Kanner, eeler Leit a vulnerabel Persoune brauchen sécher an agreabel Räim – och wärend Hëtztwellen.

👉 D’Jonk Demokraten fuerderen dofir:
✅ e verbindlechen Hëtzeschutz-Standard vun 26 °C an ëffentleche Gebaier,
✅ geziilt Investitiounen a modern Kill- a Belëftungssystemer,
✅ an eng verantwortungsvoll Notzung vu Klimaanlagen (am Normalfall net ënner 26 °C).

💙 Hëtzeschutz ass Gesondheetsschutz. D’ëffentlech Hand muss hei eng Virreiderroll iwwerhuelen an eis ëffentlech Gebaier fit fir de Klimawandel maachen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp