GAYMAT 2017 „STAND TOGEHTER LUXEMBOURG PRIDE“
D’Jonk Demokraten sinn dëst Joer nees beim GAYMAT mat derbäi a mir géifen eis freeë wann vill Leit dësen Event géife besichen.
Informatiounen iwwert den Oflaf vun der Editioun 2017 fannt dir op www.gaymat.lu
Sangria-Fiesta
Organisatioun: JDL Kanton Gréiwemaacher
JDL Quiz-Owend
Bei der 4. Kéier kann ee scho vun enger Traditioun schwätzen, dofir ass d’JDL Déifferdeng houffreg dech kënnen op déi 4. Editioun vun eisem flotte Quiz Owend z’invitéieren.
Dëst Joer fënnt dat grousst Rätselen Samsdes, den 17.09.2016 ab 18h30 statt an et gëtt nees flott Präiser ze gewannen an eppes Guddes z’iessen !
Wanns du, alleng oder am Grupp, Loscht hues mat ze maachen, da schéck séier en E-mail op deifferdeng@jonkdemokraten
Ze gewanne gett et dest Joer erem e ganze Koup flott Präisser, déi mier am Laf vun de nächste Wochen op deser Säit wärten annocéieren. Et bleift spannend!
An de frais d’inscriptioun (15€ pro Persoun) ass de Menu mat Ham, Fritten an Zalot an verschidden Dessert’en vun eisem Dessertsbuffet mat abegraff.
Ouschtereeër verdeelen
Wéi all Joer hëllefen d’JDL-Zentrum an d’JDL-Stad der DP-Stad Ouschtereeër op der Eemaischen ze verdeelen.